Haut stelle mer der brittescher Sängerin hier neiste Single "Blades" vir.

Fakten

Déi brittesch R&B a Soul Sängerin Arlo Parks ass eigentlech nach guer net esou laang an der Museksbranche mat dobäi an huet trotzdeem well vill op sech opmierksam gemaach. Elo ass déi 22 Joer al Musekerin dann zeréck mat senger neister Single "Blades" wat ee relaxen Dance-Pop-Track as an dem d'Arlo Parks vun enger Frëndschaft séngt déi rëm opgebaut soll ginn. Et ass ee perfekte Song fir am Summer den Dag auskléngen ze loossen.

Aussergewéinleches:

"Blades" ass dann och schonn deen drëtten Track vum Arlo Parks sengem zweeten Album "My Soft Machine" deen am Mee wäert erauskommen. Fir dësen Track huet d'Musekerin dann och mam Paul Epwoth geschafft, deen och scho mat Gréisste wéi dem Adele oder Florence + The Machine produzéiert huet."

Fréier Hits

Am Joer 2021 war dem Arlo Parks säin Debut Album "Collabsed in Sunbeams" erauskomm, mat dem déi jonk Musekerin deemools schonn ee richtegen Erfolleg hat. De Song "Eugene" vun dësem Longplayer ass dan bis elo och der Musekerin säi gréissten Erfolleg.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Joy Crooks, Pip Millett, Raveena