
© Jean-Baptiste LACROIX / AFP
Haut stelle mer déi ganz nei Single "Glad U Came" vum Jason Derulo vir.
Fakten:
Den US-amerikaneschen R&B Sänger Jason Derulo ass an der internationaler Museksbranche net méi ewechzedenken. Elo ass hien dann och zeréck mat senger neister Single "Glad U Came". Bei dësem Track séngt den Jason Derulo vun enger ganz besonnescher Persoun déi hie begéint huet. Op enger Party hätt hien dës Persoun kennegeléiert an dës hätt dem Jason Derulo säi Liewen direkt op d'Kopp gestallt. Eigentlech wollt hien deen Owend guer net feiere goen, mee seng Kolleegen haten hien iwwerriet an dat ass dunn eben dobäi erauskomm.
Aussergewéinleches:
Den Jason Derulo ass bekannt dofir, dass hien ëmmer säin Numm am Ufank vun all Lidd seet. An engem Interview huet de Museker eng Kéier erkläert, dass hien dat um Ufank vu senger Karriär benotzt huet, fir dass d'Leit hie géife rëmerkennen. Elo huet hien sech dorunner gewinnt an et ass scho bëssen zu sengem Markenzeeche ginn.
Fréier Hits:
Den Jason Derulo hat schonn eng ganz Rei Hits, déi international ee immensen Duerchbroch haten. Seng gréissten Erfolleger huet hien awer och der App Tik Tok ze verdanken, wou Lidder wéi "Savage Love" an "Swalla" fir Millioune vu Videos benotzt goufen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Sigala, Calvin Harris, Tiësto & Jonas Blue