Haut stelle mer dem hollänneschen DJ R3HAB seng neiste Single "Rock Your Body" vir.

Fakten:

Den hollänneschen DJ a Produzent R3HAB huet säit enger Rei Joren an der elektronescher Musekszeen etabléiert an huet elo zesumme mat der rumänescher Sängerin INNA säin neisten Track "Rock Your Body" op de Marché bruecht. Bei dëser Single hunn sech déi zwee un engem Lidd aus dem Joer 1997 inspiréiert. Hei héiert een ee Sample vum Song "Ecuador" vum däitschen DJ-Trio SASH!. Den Eurodance-Sound ass definitiv och am Joer 2023 ukomm a wäert sech warscheinlech och an der elektronescher Musek rëm festsetzen.

Aussergewéinleches:

An engem Interview huet de R3HAB verroden, dass hien dëst Lidd onbedéngt eng Kéier wollt samplen. Den Track war ee vun deenen éischte Songs déi hie mat senger Kandheet verbënnt. Och 26 Joer méi spéit wier d'Melodie vun dësem Track nach ëmmer present a géif bei ville Leit nach am Kapp hänke bleiwen.

Fréier Hits:

Den DJ a Produzent R3HAB ass duerch seng Single a Remake "All Around The World" aus dem Joer 2019 berüümt ginn. Domadder huet hien de klasseschen Eurodance Sound aus den 90er Joren nach eng Kéier opliewe gelooss.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Nicky Romero, Quintino, Alesso