Déi brittesch Musekerin huet mat "I Feel Love" dann och déi lescht Single vu sengem neien Album "Blood Orange" released.

Fakten:

Déi 29 Joer al brittesch Sängerin Freya Ridings huet mat senger Single "I Feel Love" déi lescht Single vu sengem neien Album "Blood Orange" released gehat. An Tëschenzäit ass den Album dann och um Marché an dës Single mécht den Ofschloss vum Longplayer. An dëser Single geet et ëm dem Freya Ridings seng aktuell Bezéiung déi hat hei an engem bësse méi Dance-Funk-Sound probéiert ze beschreiwen.

Aussergewéinleches

Iwwert d'Sendung “Love Island” gouf d'Freya Ridings engem grousse Publikum bekannt. Nodeems säin Titel "Lost Without You" an der britescher Versioun vun der TV-Flirtserie gelaf ass, ass d'Freya Ridings mat dësem Song eng éischte Kéier an den Top 10 vun de britteschen Charts gelant. Wärend der Iwwerdroung vun der Serie gouf souguer de Shazam-Weltrekord gebrach, dee virdru Florence and the Machine mat engem Song a “Game of Thrones” opgestallt haten.

Fréier Hits

D'Freya Ridings stoung Enn 2017 op der BBC Newcomerlëscht. Enn 2018 hat d'Sängerin mat "Lost Without You" een éischten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Adele, Birdy, Dean Lewis, Gavin James