
Haut stelle mer déi nei Single vum brittesche Produzenten-Duo SUPER-HI vir.
Fakten
Di 2 Englänner Rick Parkhouse an George Tizzard forméieren den Duo SUPER-Hi. Fir hir neiste Single "Rich In Love" hunn sie sech mat der 28 Joer aler Schwäizer Sängerin ILIRA zesummegedoen. Dobäi ass een Track entstanen deen eng perfekt Mëschung tëschent Pop an elektronescher Musek mécht. Definitiv ee Song dee bei gutt Wierder passt an richteg Loscht op de Summer mécht. Am Song geet et dorëms, dass net ëmmer nëmme Geld glécklech mécht mee et heiansdo einfach déi kleng Saachen am Liewe si wéi déi richteg Persoun, fir dass ee glécklech ass.
Aussergewéinleches
De Projet SUPER-HI hat säi groussen Duerchbroch zesumme mam Projet Neeka an hirer Single "Following the Sun". Mat dësem stoungen si international zimmlech iwwerall ganz uewen an den Charts an och hei a Lëtzebuerg war d'Single wierklech immens gutt ukomm gewiescht.
Fréier Hits
SUPER-Hi sinn zanter 2012 ënnert dem Numm Red Triangle als Produzenten aktiv an hu mat Kënschtler wéi David Guetta, James Arthur, Green Day a 5 Seconds of Summer zesumme geschafft. D'Negin Djafari ass eng Singer-Songwriterin vu London mat persesch-schwedeschen Originnen an huet scho Lidder fir Drake a Fifth Harmony geschriwwen a komponéiert. D'Katy Tizzard huet als Solo-Kënschtlerin ënnert dem Numm Katy Tiz Musek eraus bruecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Jessie J