Haut stelle mer dem däitsche Museker Nico Santos seng summerlech nei Single "Like Ice In The Sunshine" vir.

Fakten:

Den däitsch-spuenesche Singer a Songwriter Nico Santos huet mat "Like Ice In The Sunshine" seng neiste Single erausbruecht. Eigentlech ass d'Single guer net esou ganz nei. Et handelt sech heibäi nämlech em de Lagnese-Song deen an den 1980er Joren erauskomm war. Fir de Museker ass et eng grouss Éier eng nei Versioun fir d'Glace-Mark kennen opzehuele vue dass hien immens vill Kandheets-Erënnerungen heimat verbënnt.

Aussergewéinleches:

De Nico Santos huet am Mee 2022 virun engem ausverkafen Atelier seng Fans scho konnte begeeschteren. Elo huet den Atelier dann ugekënnegt, dass den däitsche Museker am Joer 2024 wäert am Kader vu senger "Ride Live Tour" och ee Stopp hei am Land wäert maachen. Rendezvous ass den 1. Mäerz 2024 an der Rockhal wou hien dann och all seng Hits wéi "Rooftop", Safe" oder "Oh Hello" wäert presentéieren.

Fréier Hits:

Zum Nico Santos senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi "Play With Fire" "Rooftop" oder "Better". Mat dëse war hien och wäit iwwert d'Grenze vun Däitschland bekannt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Alvaro Soler, Mike Singer, LEA