
© Youtube Screenshot
Den däitsche Produzenten-Trio ClockClock ass zeréck mat hirer neier Single "Over".
Fakten:
Den däitschen Trio ClockClock besteet eigentlech aus zwee Produzenten an engem Sänger. Elo ass den Trio dann zeréck mat hirer aktueller Single "Over". D'Melodie gëtt vun de Beats ugedriwwen a vum Sänger Bojan senger Stëmm ofgeronnt. Am Text vun dëser summerlecher Single geet et ëm eng Bezéiung déi kuerz virdrun ass ze zerbriechen. Et ass also een zimmlech emotionale Song deen awer an zimmlech positive Sound verschafft ginn ass.
Aussergewéinleches:
Zesumme mam Dj-Projet Glockenbach hunn ClockClock am Joer 2021 zwou Singlen released. Duerch den Hype vu Glockenbach kruten och ClockClock nach eng Kéier bësse méi Unerkennung an d'Singlen sinn international richteg duerchgestart. De 17. Juni 2023 wäert den Trio dann och hei zu Lëtzebuerg am Kader vun der Fête de la musique zu Diddeleng op der Bün stoen.
Fréier Hits:
Zu de gréissten Hits vum Trio gehéieren da Lidder wéi "Brooklyn" oder "Redlight" mat deenen si et fir d'éischt an d'Charts an Däitschland an Éisträich gepackt haten, ier d'Singlen dann international un Berüümtheet gewonnen hunn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Glockenbach, narou, Some Sprouts