Haut stelle mer déi aktuell Single vum Niall Horan vir.

Fakten:

Berüümt ass de Niall Horan mat der Band One Direction ginn. Elo bréngt den iresche Museker dann och den 9. Juni säin drëtte Solo-Album "The Show" eraus. Vun dësem ass dann och lo d'Singleauskopplung "Meltdown" erauskomm. An der Single probéiert de Museker dat Gefill ze beschreiwen, dass een sech heiansdo ganz onsécher géif fillen an ee géif mengen duerchzedréinen. Ganz déif a sech da géif een dann awer wëssen dass alles wäert an d'Rei goen an dat berouegt een da rëm bëssen.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2010 ass den Niall Horan mat der Boyband "One Direction" weltbekannt ginn. Nodeems d'Band säit 2016 keng Concerte gespillt hunn an och keng nei Musek released hunn. Kuerz drop huet de Niall Horan dann och seng éischt Solo-Single released gehat. "This Town" koum am September 2016 op de Marché an huet dem Museker ënnert anerem de "People's Choice Award" abruecht. Dës weidere stoung de Niall Horan och a ville Länner mat senger Musek wäit uewen an den Charts.

Fréier Hits:

Zum Niall Horan senge groussen Hits gehéiere Lidder wéi "This Town" oder och "Slow Hands" déi um Museker sengem éischte Solo-Album "Flicker" mat drop waren. 2020 huet de Museker säi leschten Album "Heartbreak Weather" released gehat, op dem d'Single "Put A Little Love On Me" bei de Fans och immens gutt ukomm war.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Gavin James, Calum Scott, Liam Payne