De franséischen DJ ass zeréck mat senger neister Summer-Single "Baby Don't Hurt Me".

Fakten:

Den David Guetta ass wierklech am Moment net ze bremse wat nei Tracks ugeet. Fir seng neiste Single huet hien sech mat der Sängerin Anne-Marie an dem  Coi Leray zesummegedoen. Wann een sech d'Single ulauschtert, da kann een net wierklech vun enger komplett neier Single schwätzen. Déi zwee Museker hunn sech nämlech hei um Hitsong "What Is Love" vun Haddaway orientéiert an ee Remake dovunner gemaach. Den Text ass zwar ugepasst gi mee et héiert ee kloer raus wou sech inspiréiert ginn ass.

Aussergewéinleches:

Wéi ee mierkt si Remakes nach ëmmer am Trend. Op de soziale Medien an och op Videoplattforme wéi TikTok ass dem David Guetta säin deemolege Song "I'm Good" zesumme mam Bebe Rexha scho viral gaangen. Duerch d'Melodie déi engem bekannt vir kennt bléift d'Single dann och direkt am Ouer hänken.

Fréier Hits:

Den David Guetta ass scho Joerzéngten am DJ Business mat dobäi an huet warscheinlech esouvill Hits wéi keen aneren DJ erausbruecht.  Dorënner dann och Lidder wéi "Memories", "Titanium" oder Klassiker wéi "Sexy Bitch" an "When Love Takes Over". Mat dësen Hits war den David Guetta deemools och esou richteg bekannt ginn an gouf zum dem wat hien haut ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Calvin Harris, Galantis, Axewell & Ingrosso