Déi amerikanesch Rock-Band huet déi éischt Single vun hirem neien Album annoncéiert.

Fakten:

Nom Jared Leto sengem bësse méi opfällegem Optrëtt op der Met-Gala huet d'Band ronderëm de Sänger elo hir nei Single "Stuck" released. Dës ass dann och déi éischt Single vum neien Album "It’s The End Of The World But It’s A Beautiful Day", deen de 15. September dëst Joer soll erauskommen. De Sound vun dësem Track ass anescht wéi een dat soss vun der Band gewinnt ass. Et gouf bei dëser Single vill méi mat elektronesche Beats geschafft. D'Single ass dann och deen éischten neie Song vun der Band säit 5 Joer.

Aussergewéinleches:

De Frontmann Jared Leto leet Wäert drop, dass d'Band net wéinst senger Filmkarriär, mee wéinst der musikalescher Qualitéit Opmierksamkeet kritt. Sou goufen aus Trotz an der Vergaangenheet scho Concerten ofgesot, déi mat sengem Numm Reklamm gemaach hunn.

Fréier Hits:

Mam Release vum 2. Albums "A Beautiful Lie" (2005) ass der Band de weltwäiten Duerchbroch gelongen an een internationalen Hit-Album. Deen nächsten Hit-Album "This Is War" ass 2009 eraus komm. Och dee 4. Album, "LOVE LUST FAITH + DREAMS" (2013), gouf ee kommerziellen Erfolleg. D'Band huet iwwer 15 Milliounen Albe verkaf a weltwäit Stadie gefëllt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Linkin Park, Papa Roach, Muse