Haut stelle mer déi nei summerlech Single vun den Jonas Brothers vir.

Fakten:

Nodeems et bësse méi roueg ëm déi amerikanesch Band Jonas Brothers gi war, hunn si virun e puer Méint déi éischt Single-Auskopplung vun hirem aktuellen Album "The Album" erausbruecht gehat. Elo ass den Album dann och dobaussen an op dësem ass dann och déi ganz summerlech Single "Summer Baby" mat drop. An der Single geet et dann och bëssen dorëms wéi een sech op enger Party beim danzen duerch den Tequila dann och bësse méi no kennt. Ee klassesche Jonas Brothers Song dee warscheinlech awer dee richtege Sound fir dat gutt Wierder mat sech bréngt.

Aussergewéinleches:

Di 3 Jonas-Bridder haten d'Band 2005 gegrënnt.  Bekannt goufen si och duerch den Disney-Film Camp Rock, an deem si nieft der Sängerin Demi Lovato virun der Kamera stoungen. 2013 hunn d''Jonas Brothers  sech wéinst "Komplikatioune bannent der Grupp" als Band getrennt. An der Tëschenzäit hat den Nick eng Solokarriäre lancéiert an den Joe war als Frontmann vun DNCE erfollegräich. 2019 Haten si sech mam Hit "Sucker" zeréck gemellt, deen direkt rëm an den Charts viral gaange war.

Fréier Hits:

Déi dräi Bridder hunn an hier bal 20 Joer aler Karriär schonn eng ganz Rei grouss Hits released gehat. Trotzdeem ass hir Comeback-Single "Sucker" bis haut warscheinlech der Band hiren erfollegräichsten Titel. Awer och Tracks wéi "What A Man Gotta Do" oder "Only Human" gehéieren zu deene Lidder déi op kengem Concert dierfe feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Hannah Montana, Jesse McCartney, DNCE