
© Youtube Screenshot
Den amerikanesche Sänger Gus Dapperton huet sech vir seng neiste Single Hëllef vum Benee geholl.
Fakten
De 26 Joer ale Sänger Gus Dapperton ass zu Warwick gebuer an huet mat 16 Joer seng éischt Single "Moodna, Once In Grace" released gehat. Elo ass hien zeréck an dat mat enger Kollaboratioun déi een esou schonn eng Kéier gesinn huet. Zesumme mam Benee huet de Museker elo seng nei Single "Don't Let Me Down" erausbruecht. Dëst ass dann och schonn déi zweet Single déi déi zwee zesumme released hunn. Dës Single wäert dann och um Gus Dapperton sengem neien Album "HENGE" sinn, deen de 7. Juli wäert erauskommen
Aussergewéinleches:
De Gus Dapperton ass dann och net nëmmen ee Museker mee am groussen a ganzen ee Kënschtler. De Museksvideo vun dëser Single huet hien dann och produzéiert. Hei huet hien sech komplett och ëm d'Kostümer, d'Choreographie an d'Geschicht gekëmmert. D'Zesummenaarbecht vun deenen zwee ass dann och esou gutt, dass si esouguer een Iwwerraschung-Optrëtt um Coachella zesummen haten.
Fréier Hits:
D'Benee huet sech als neiséilännesch Kënschtlerin mat sengem Hit „Soaked“ bekannt gemaach. De Song gouf am australeschen Triple-J-Radio Hottest 100 vun 2018 opgelëscht a war 2 Méint laang d'Nummer 1 vun den neiséilännesche Shazam Top 100. Ausserdeem gouf de Song an Neiséiland an Australien mat Gold ausgezeechent. De Gud Dapperton ass duerch seng Kollaboratioun mam Benee bekannt ginn. D'Single "Supalonely" war op TikTok zu engem viralen Hit ginn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michaels, Lauv, Dean Lewis