De brittesche Sänger ass zeréck mat senger neister Single "Mountain".

Fakten:

De brittesche Singer a Songwriter Sam Ryder huet schonn ëmmer vill Musek gemaach, huet sech als Solo-Kënschtler awer réischt wärend der Corona-Pandemie een Numm gemaach vue dass hie Cover-Versioune vu verschiddene Lidder op Social Media gepost hat. Elo ass hien zeréck mat der Single "Mountain" déi hien dann och dëst Joer zu Liverpool beim Eurovision Song Contest performed huet. Am Song geet et dorëms, dass een heiansdo am Liewe grouss Problemer muss léissen, déi een awer als Mënsch duerno esou staark wéi een "Mountain" da géife maachen. Doduerch kéint een dann alles iwwerwanne wat engem am Wee géif stoen.

Aussergewéinleches:

De Sam Ryder ass duerch säin Hit "Space Man" bekannt ginn, deen him déi zweet Platz beim Eurovision Song Contest bruecht huet. Hei war hie fir Groussbritannien ugetrueden an huet et sou just net op déi éischt Platz gepackt. Vue dass säi Song awer immens gutt bei de Leit ukomm ass, konnt de Sam Ryder dann och wärend dem Grousse Präis vun der Formel 1 an England optrieden.

Fréier Hits:

"Space Man" war dem Sam Ryder seng éischt grouss Hit-Single déi hie bis elo rausbruecht huet. mat dëser ass hien och op der ganzer Welt bekannt ginn. Nodeems hie bekannt gi war, sinn dann och aner Lidder wéi "Tiny Riot" oder "Whirlwind" nach méi bekannt ginn. Mir kennen eis awer op jiddefalls op dem Museker säin éischten Album am Oktober freeën.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

JC Stewart, Tom Grennan, Will Young