Haut stelle mer déi nei Single vun der brittescher Singer a Songwriterin vir.

Fakten

Déi brittesch Musekerin Anne-Marie huet scho ganz fréi ugefaange Musek ze maachen. Och wann d'Anne-Marie am Ufank éischter am Sport ënnerwee war, huet hat duerch seng Zesummenaarbecht mam Pop-Duo Rudimental säin éischten Duerchbroch als Musekerin geféiert. Elo ass d'Sängerin zeréck mat senger neier Single "Unhealthy" an der hat mat der Country-Sängerin Shania Twain zesummegeschafft huet. Dësen Track ass dann och den Titeltrack vum Anne-Marie sengem neien Album "Unhealthy" deen den 28. Juli wäert erauskommen.

Aussergewéinleches

D'Anne-Marie gouf mat 12 Joer Karateweltmeeschterin. De Sport huet hatt staark markéiert an d'Disziplin, déi hatt hei geléiert, huet him och am Museksbusiness weider gehollef. Säin éischte Mixtape, deen 2015 eraus koum, huet hatt "Karate" genannt.

Fréier Hits

Mat "Rockabye" hat d'Anne-Marie am Joer 2016 e Mega-Hit un der Säit vu Clean Bandit an dem Sean Paul.  Seng Lidder "Alarm" an "Ciao Adios" sollten d'lescht Joer zu Chart-Hits ginn. An aktuell ass d'Britin un der Säit vum Marshmello am Song "Friends" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Bebe Rexha, Alma & Mabel