
© SUZANNE CORDEIRO / AFP
Haut presentéiere mer déi ganz nei Single vum Post Malone.
Fakten:
Nodeems et musikalesch dat lescht Joer bësse méi roueg beim Post Malone war, huet den amerikanesche Rapper elo eng weider nei Single mam Numm "Mourning" released. No "Chemical" ass dës Single déi zweet Single-Auskopplung vum Post Malone sengem neien Album "Austin", deen den 28. Juli wäert erauskommen. De Sound vun dëser Single ass eng Mëschung tëschend akustescher Gittarr, relaxe Beats an dem Post Malone sengem Rap.
Aussergewéinleches:
Den amerikanesche Rapper kann sech dann net nëmmen iwwer ganz nei Musek freeë mee och iwwer säin éischt Kand, wat hien viru ronn engem halwe Joer krut. De Rapper huet bis elo awer nach net verrode wien d'Mam vum Kand wier, mee et wier kee Promi. De Post Malone huet dann och an engem Interview gesot, dass hien sech a sengem Liewen nach ni esou glécklech gefillt hätt wéi elo.
Fréier Hits:
De Post Malone huet a sengem jonken Alter vu 27 Joer schonn deen een oder aneren Hit geschriwwen. Hei sinn zum Beispill Lidder wéi "rockstar" oder "Sunflower" zu senge ganz groussen Hits ginn an dierfen a kenger Setlist bei senge Concerte feelen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Tyga, SAINt JHN, Desiigner