Fakten:

Den US-amerikaneschen R&B Sänger Jason Derulo ass an der internationaler Museksbranche net méi ewechzedenken. Elo ass hien dann och zeréck mat senger neister Single "When Love Sucks". Fir dësen Track huet den Jason Derulo sech um Dido sengem Hit "Thank You" aus dem Joer 1999 orientéiert. Dëse Song hat jo och schonn den Eminem a sengem Hit "Stan" am Joer 2000 gesampelt. Et bléift also komplett am Trend sech u Songs aus den 90er Joren ze inspiréieren an dës an enger neier Versioun erauszebréngen.

Aussergewéinleches:

Den Jason Derulo ass bekannt dofir, dass hien ëmmer säin Numm am Ufank vun all Lidd seet. An engem Interview huet de Museker eng Kéier erkläert, dass hien dat um Ufank vu senger Karriär benotzt huet, fir dass d'Leit hie géife rëmerkennen. Elo huet hien sech dorunner gewinnt an et ass scho bëssen zu sengem Markenzeeche ginn.

Fréier Hits:

Den Jason Derulo hat schonn eng ganz Rei Hits, déi international ee immensen Duerchbroch haten. Seng gréissten Erfolleger huet hien awer och der App Tik Tok ze verdanken, wou Lidder wéi "Savage Love" an "Swalla" fir Millioune vu Videos benotzt goufen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Sigala, Calvin Harris, Tiësto & Jonas Blue