Déi schwedesch Band Mando Diao ass zeréck mat hirem neie Song "Get It On".

Fakten:

Déi schwedesch Rock-Band Mando Diao huet no hirer leschter EP am Abrëll elo och hiren neien Album "Boblikov's Magical World" erausbruecht. Op dësem war dann och d'Single "Get It On" mat drop. Mat der gewinnter Energie vun der Rock-Band geet dann och dës Single esou richteg no vir a wäert an Zukunft och op de Concerte fir gutt Stëmmung bei de Fans suergen.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2009 duerch hire Mega-Hit "Dance With Somebody" op der ganzer Welt bekannt ginn an elo och zeréck hei zu Lëtzebuerg. Déi schwedesch Rock-Band Mando Diao wäert den 10. Dezember 2023 fir ee Concert am Atelier an der Hollerecher Strooss op Besuch sinn. Hei wäerten si dann och hire ganz neien Album "Boblikov's Magical World" mat dobäi hunn, deen den 28. Abrëll op de Marché komm ass.

Fréier Hits:

Mando Diao si warscheinlech mat der Single "Dance With Somebody" op der ganzer Welt bekannt ginn a dës dierf dann och op kenger Party an der Playlist feelen. Awer och Lidder wéi "Down In The Past" oder "God Knows" gehéieren dann och zu all Setlist bei hire Concerten.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Hives, Sunrise Avenue, The Subways