Déi brittesche Indie-Rock Band Nothing But Thieves huet déi zweet Single fir dëst Joer erausbruecht.

Fakten:

Déi brittesch Band Nothing But Thieves huet sech am Joer 2012 gegrënnt an huet an Zwëschenzäit schonn 3 Studioalben op de Marché bruecht. Elo mellen si sech zeréck mat hirer aktueller Single "Overcome", déi dann och déi zweet Singleauskopplung vun hirem véierten Album "Dead Club City", deen de 7. Juli wäert erauskommen. An der Single héiert een dann ee gudde Mix aus britteschem Rock an awer och catchy a funky Sounds aus den 80er Joren.

Aussergewéinleches:, 

D'Band Nothing But Thieves huet dann och hei zu Lëtzebuerg schonn déi eng oder aner Kéier gespillt, vum Atelier bis op déi grouss Bün um Rock-A-Field war schonn alles mat dobäi. Am Joer 2022 waren si dann direkt zwee Mol op Besuch hei bei eis. Een Dag nodeems hiren Album dann erauskënnt, wäerten si dann den 8. Juli eng weider Kéier am Atelier op der Bün stoen. Leider ass de Concert scho komplett Sold-Out. Eventuell ginn et jo nach e puer Tickets an eiser Ticket-Bourse.

Fréier Hits:

Der Band hiren éischten Album "Nothing But Thives" ass am Joer 2015 erauskomm an hat dann och schonn Hits wéi "Trip Switch" oder "If I Get High" mat drop. Awer och "Sorry" an "Amsterdam" gehéieren zu deene bekanntste Lidder vun der brittescher Band an dierfen op kengem Concert feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Wolf Alice, Imagine Dragons, Cage The Elephant