De Robin Schulz ass zeréck mat senger neier Summer-Single.

Fakten:

Den däitschen DJ Robin Schulz  ass definitiv ee Weltstar an ass elo zeréck mat senger neister Single "Killer Queen". Dës ass net wéi ee kéint mengen eng Single zesumme mat der brittescher Band Queen mee ee Remake vun engem Song vum Fil Bo Riva aus dem Joer 2016. Duerch de Robin Schulz ass dës Single zu engem klasseschen House-Song ginn, dee perfekt ass fir dat gutt Wieder ze genéissen. Duerch dem Fil Bo Riva seng Stëmm bléift de Song awer poppeg genuch fir eigentlech an all Geleeënheet ze passen.

Aussergewéinleches:

De Robin Schulz huet ënnert dem Numm "Mentalo Music" säin eegene Label gegrënnt. Domat geet fir hien een Dram an Erfëllung. "Oxygen" ass déi éischt Verëffentlechung um Label. Do wëllt den däitsche Produzent awer net seng eege Musek eraus bréngen, mee och Newcomer ënner Kontrakt huelen.

Fréier Hits:

De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love". Awer och säin Album "Sugar" aus dem Joer 2015 ass voll mat Hits an huet hien op déi ganz grouss Bünen op der Welt bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Felix Jaehn, Avicii, Kungs