
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu OneRepublic!
Fakten:
Mat "Sunshine", "West Coast" oder "I Ain't Worried" hu OneRepublic an deene leschte Joren ëmmer erëm nei summerlech Ouerewierm verëffentlecht. Passend zum Start vun der Summersaison ass dann elo hiren neien Hit "RUNAWAY" dobaussen. An och deen Track bleift relativ séier am Kapp hänken. De Frontmann Ryan Tedder séngt doriwwer, alles stoen a leien ze loossen a wäit fort ze reesen - Rieds ass am Song ënnert anerem vu Manila, Jakarta oder Singapur. Déi positiv Stëmmung vu "RUNAWAY" gëtt am Video mat wonnerschéine Biller vun de genannte Reesdestinatioune verstäerkt.
Aussergewéinleches:
Mat hirem neie Song gi OneRepublic ganz geschwënn op Tournée duerch Däitschland. Mat Bonn oder Mönchengladbach sinn och e puer Rendez-vousen dobäi, déi fir eis Lëtzebuerger*innen interessant sinn. Hei fannt dir alleguer d'Concerten am Iwwerbléck.
Fréier Hits:
Direkt mat hirem 2007er Debut-Album "Dreaming Out Loud" si OneRepublic grouss erauskomm. Ënnert anerem waren et d'Single-Auskopplungen "Apologize", "Say (All I Need)" oder "Stop And Stare" déi international Opmierksamkeet kruten. Weider grouss Hits si "Secrets", "Didn't I" oder "Lose Somebody".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Maroon 5, Imagine Dragons, The Script & American Authors