
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu Roosevelt!
Fakten:
Pünktlech fir déi éischt richteg waarm Deeg huet de Roosevelt mat "Ordinary Love" säin éischte Release fir dëst Joer erausbruecht. Am Song geet et ëm d'Euphorie vun enger neier Léift an d'Gefill vu Gléck awer och Onsécherheet déi Dës mat sech bréngt. Vum Sound hir ass et eng typesch Roosevelt-Single: Ganz vill Synthesizer a berouegend Grooves aus Gittar, Percussion a Bass. "Ordinary Love" ass d'lescht Joer an enger ofgeleeëner Hütt an den Elysian Heights zu Los Angeles entstanen an den talentéierten däitsche Produzent weist op en Neits wéi een d'Pop- an déi elektronesch Welt excellent matenee kombinéiere kann.
Aussergewéinleches:
Nodeems hie scho mat Nimm ewéi Classixx oder Nile Rodgers zesummegeschafft an erfollegräich Remixes fir Kënschtler*innen ewéi Taylor Swift, Glass Animals oder Charlotte Gainsbourg produzéiert huet, gëtt 2023 fir de Marius Lauber e richteg opreegend Joer. An et kann een definitiv soen, dass seng Aarbecht a Connections zu Los Angeles sech bezuelt gemaach hunn. Mat iwwer 35 Concerten huet de Roosevelt nämlech seng bis elo gréissten Nordamerika-Tournée ugekënnegt. Hei wäert hien a Stied ewéi New York, San Francisco, Denver, Chicago oder Torontao spillen.
Fréier Hits:
Am Februar 2021 huet de Roosevelt säi leschten Album "Polydans" erausbruecht, dat vu Kritiker*innen international an den Himmel gelueft gouf. Hei sinn Tracks ewéi "Feels Right", "Echoes" oder "Strangers" drop.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
SG Lewis, Jungle, The Parcels & The Knocks