Haut presentéiere mir dem Rita Ora seng nei Single!

Fakten:
Mat "Praising You" presentéiert d'Rita Ora no "You Only Love Me" déi zweet Single-Auskopplung aus deem neien Album "You And I", deen de 14. Juli erauskënnt. "Praising You" ass eng Neiinterpretatioun vum Grammy-nominéierten 90er-Klassiker "Praise You" vum Fatboy Slim. "Net nëmmen d'Erlabnis vum Norman ze kréien, mee och aktiv mat him un esou engem präägende Song aus menger Kandheet zesummenzeschaffen, war eng absolutt surreal Erfarung", esou d'Rita Ora iwwert d'Geschicht vun der Single. Et wier eng onwarscheinlech Éier dem Song en neit Liewen ze ginn an en enger ganz neier Generatioun ze presentéieren.

Aussergewéinleches:
"Praise You" war um Fatboy Slim sengem zweete Studio-Album "You've Come a Long Way, Baby" mat drop an ass 1999 nach eng Kéier als Single erauskomm. A Groussbritannien an an Island hat de Song et op d'Plaz 1 an de Single-Charts gepackt. Am Song "Praise You" huet de Fatboy Slim iwweregens selwer eng Kombinatioun aus insgesamt 6 Samples verschafft. Eraus stécht awer virun allem de Vocal-Sample vum Ufank vu "Take Yo' Praise" vum Camille Yarbrough.

Fréier Hits:
D'Rita Ora huet am Laf vu senger Karriär iwwer 10 Milliarde Streams gesammelt. Scho véier Mol stoung hatt an de brittesche Single-Charts ganz uewen. Ausserdeem hält hatt mat 13 Lidder de Rekord fir déi meescht Top-10-Singles vun enger UK-Kënschtlerin an der Geschicht vun de britteschen Charts. Zu senge gréissten Erfolleger gehéiere "Your Song", "Anywhere", "Let You Love Me" oder "Lonely Together" (feat. Avicii).

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Zara Larsson, Anne-Marie & Jessie J