Haut presentéiere mir déi nei Single vum Felix Jaehn!

Fakten:
No Tracks ewéi "Wishlist", "Weekends" oder "Atme Ein (Atme Rauch Aus)" kléngt dem Felix Jaehn seng nei Produktioun "All For Love" erëm méi no deem Sound, deen ee vum däitsche Kënschtler gewinnt ass. Déi nei Single kombinéiert Elementer aus Pop mat engem dreiwende Progressive-House-Beat. D'Stëmm vum schwedesche Sänger Sandro Cavazza léist direkt ganz vill positiv Emotiounen aus. "All For Love" ass e Song dee quasi zu all Liewenssituatioun passt, sief et beim Roadtrip mat oppener Fënster op der Autobunn, beim Entspanen um Strand oder als Closing-Song op de grousse Festival-Bünen.

Aussergewéinleches:
De Felix Jaehn ass zeréck aus senger Auszäit! Hien huet ganz entspant an zeréckgezu gelieft, esou de Museker am Eldo-Interview. Ausserdeem hätt hie sech vill ëm privat Projete gekëmmert, déi soss ëmmer ze kuerz komm wieren, wier och musikalesch richteg aktiv gewiescht an hätt d'Zäit awer och genotzt fir selwer emol vill feieren ze goen. A punkto Live-Optrëtter géif hie mat voller Motivatioun an d'Festival-Saison starten. Och mir hei zu Lëtzebuerg kënnen de Felix Jaehn dëst Joer live erliewen. Samschdes den 8. Juli kënnt hien op den Open Air Housen!

Fréier Hits:
De Sandro Cavazza ass an de leschte Joren zu enger vun deene bekanntste Stëmmen an den Charts ginn. Mat Hits ewéi "Without You" zesumme mam Avicii oder "Happy Now" mam Kygo huet hie Millioune Streams a Views op Plattformen ewéi Spotify oder YouTube gesammelt. Hits vum Felix Jaehn ginn et der mëttlerweil wierklech richteg vill. E puer Highlights: "Hot 2 Touch", "Close Your Eyes", Ain't Nobody" oder "Call It Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen eppes fir iech:
Robin Schulz, Kygo, Tiësto & David Puentez