Haut presentéiere mir déi nei Single vum Cat Burns!

Fakten: 
No "people pleaser", "Home For My Heart" (feat. ArrDee) a "live more & love more" ass d'Cat Burns elo zeréck mat der neier Single "you don't love me anymore". Am Song geet et ëm d'Angscht, dass d*e Partner"in an enger Bezéiung enges Dags erwäscht an een net méi gär huet. "Ech hoffen, de Song bréngt Trouscht an Ënnerstëtzung fir alleguer déi Leit déi grad duerch dës exact Situatioun ginn", esou déi brittesch Kënschtlerin.

Aussergewéinleches:
D'Cat Burns ass um allerbeschte Wee de grousse Schratt ze maachen. 2022 war hatt déi biggest-selling British female artist. Donieft gouf d'Kënschtlerin 3 Mol fir e BRIT Award nominéiert, war och an der Course fir en Ivor Novello Award ze gewannen an ass op der BBC Sound Poll 2023 Shortlist. Och a punkto Concerten leeft et richteg gutt. Aktuell ass d'Cat Burns als Support-Act fir d*e Sam Smith ënnerwee, am Summer kommen och nach e puer Support-Shows fir den Ed Sheeran.

Fréier Hits:
Mat "go" hat d'Cat Burns säin éischte viralen Hit, deen et op d'Plaz 2 an de britteschen Charts gepackt hat. Ausserdeem hu prominent Leit Remixes vum Song verëffentlecht, zum Beispill gëtt et eng Versioun mam Sam Smith a vun Two Inch Punch. Och den Track "people pleaser" ass viral gaangen an a ganz Europa e grousse Succès ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Olivia Dean, Ayra Starr, Mabel & Mahalia