De Museker ass zeréck mat der éischter Single vu sengem neien Album.

Fakten:

De Rea Garvey ass zeréck mat neier Musek. "Free Like The Ocean" ass déi éischt Single aus sengem neien Album, deen nach dëst Joer soll erauskommen. An der Single huet de Sänger mat den iresche Wuerzelen sech rëm musikalesch bëssen ausgelieft an huet eng Single produzéiert déi nawell vum Sound hier bësse méi elektronesch kléngt. Vum Thema ass et wéi bei ville Lidder vum Rea Garvey och rëm eng Kéier d'Léift déi hei am Fokus steet. Am Text sengt hien, dass d'Léift eben ouni Grenze wier an ebe fräi wéi den Ozean.

Aussergewéinleches

De Rea Garvey war bis 2010 Sänger, Gitarrist a Frontmann vun der däitscher Band Reamonn.Elo ass hie Solo ënnerwee. Hien schafft awer och ëmmer nees mat anere Museker zesummen als  Songwriter a Sänger. 2006 huet hien zb zeusmme mam Nelly Furtado den Nr.1-Hit All Good Things (Come to an End) opgeholl.

Fréier Hits

De Rea Garvey hat Succès mat Lidder wéi "Can't stand the silence" (2007) an "Wild love" (2012), ausserdeem mat Reamonn Hits wéi "Star (2003) an "Supergirl" (2000)

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Reamonn, Stanfour, Sunrise Avenue