
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Lauv!
Fakten:
Den amerikanesche Museker ass zeréck mam ganz neie Song "Love U Like That". Hie wier onwarscheinlech houfreg op dëse Song, well e fir hien den Ufank vun enger neier Ära géif markéieren. "Am Song geet et drëms, dass ee Saachen déi ee gär huet och duerchzéie soll a sech net vun der Gesellschaft dovun ofbrénge léisst", esou de Lauv. "Love U Like That" kombinéiert dem Kënschtler seng Liichtegkeet mat gefillsvolle Lyrics.
Aussergewéinleches:
De Lauv huet seng Karriär scho mat 14 Joer ugefaangen. Ufanks huet hien haaptsächlech Songs fir aner Kënschtler*inne geschriwwen, ënnert anerem fir d'Demi Lovato oder d'Charli XCX. Am November 2017 war huen dann als Support-Act fir den Ed Sheeran mat op Tournée.
Fréier Hits:
Besonnesch ervirzehiewe sinn dem Lauv seng Kollaboratioune mam Anne-Marie ("Fuck I'm Lonely"), Troye Sivan ("I'm So Tired") a Conan Gray ("Fake").
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Lany, Jeremy Zucker, Bazzi & Charlie Puth