
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vun den Giant Rooks!
Fakten:
No zwee ganz erfollegräiche Jore mat Welt-Tournée, Honnerte vu Millioune Streams an den zwou Hit-Singles "Morning Blue" a "Bedroom Exile", lauden d'Giant Rooks elo hiert neit Kapitel an. "Mir hu 'Somebody Like You' an nëmmen e puer Stonnen an eisem Proufraum geschriwwen. Wa mir zesumme Songs schreiwen a Musek spillen, setzt dat eng ganz besonnesch Energie fräi. Genee dat Gefill wollte mir op dësem Song erëmspiggelen", esou d'Band iwwert hiren neie Release. Op "Somebody Like You" erwaarden iech hell Gittaren iwwert engem dreiwende Beat.
Aussergewéinleches:
Änlech ewéi Milky Chance hunn d'Giant Rooks et iwwert déi lescht Jore fäerdegbruecht och international eng grouss Fanbase opzebauen. Dat huet zur Folleg, dass si eng grouss Welt-Tournée spille konnten an op ugesote Festivals ewéi Lollapalooza Chicago, Pukkelpop (BE) oder Reading & Leeds Festivals UK opgetruede sinn. Ausserdeem ware si als Support-Act mam Ex-One-Direction-Member Louis Tomlinson op deem senger Headline-Arena-Tour ënnerwee.
Fréier Hits:
Mat Lidder ewéi "Wild Stare" oder "100 MG" konnt d'Band vun Hamm éischt Erfolleger feieren. Spéitstens mam Debut-Album "Rookery" an den Hits "Watershed", "Heat Up" oder "Tom's Diner" sinn si zu grousse Stars avancéiert.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen eppes fir iech:
AnnenMayKantereit, Provinz, Kytes & Leoniden