Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vu Glockenbach an Ella Henderson!

Fakten: 
Lifeline - eng Persoun, ouni déi een sech d'Liewe net virstelle kann. Genee dorëms geet et an deem fonkelneien Track vu Glockenbach zesumme mam Ella Handerson. "LIFELINE" ass op en Neits eng Dance-Pop-Hymne mat Hit-Garantie. "Dëse Song soll vermëttelen, dass mir net ëmmer weise mussen, dass mir staark sinn. Heiansdo ass et och an der Rei emol net an der Rei ze sinn", seet de Produzente-Kollektiv iwwert deen neie Song. Och d'Ella Henderson ass richteg frou mam Release: "Ech freeë mech esou vill op dee Song. Mir hu laang misse waarden, mee elo ass en endlech do!"

Aussergewéinleches:
Glockenbach kommen den 8. September bei eis op Lëtzebuerg. Méi genee sinn si ee vun de groussen Headliner vum LOA by Post um Kierchbierg. Séchert iech hei är Ticketen!

Fréier Hits:
Glockenbach ginn zu richtegen Hit-Maschinnen! Zanter dem Release vu "BROOKLYN (feat. ClockClock)" release si een Dance-Pop-Hit no deem aneren: "Redlight (feat. ClockClock)", "Dirty Dancing (feat. Ásdís) oder "YEAH (feat. Joel Corry, Tenchi, ClockClock)".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Keanu Silva, Toby Romeo, Leony & Robin Schulz