
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vum Bebe Rexha an dem David Guetta!
Fakten:
"One In A Million" ass dem Rexha säin éischte Release zanter der Verëffentlechung vu sengem 3. Album "Bebe" am Abrëll. Inhaltlech geet et am Song ëm d'Léift zu sech selwer: "It's about when you find that one person that really speaks to you. For me, right now in my life, I am that one person." Musikalesch erwaart eis en explosiven House-Track mat engem knallege Beat a kräftege Vocals! De Piano-Loop erënnert ganz staark un den Track "When Love Takes Over", deen den David Guetta zesumme mam Kelly Rowland am Joer 2009 erausbruecht hat.
Aussergewéinleches:
D'Kombo Guetta x Rexha funktionéiert ausseruerdentlech gutt! Dat hunn déi Zwee mam Welt-Hit "I'm Good (Blue)" bewisen. Dësen Track hat et an 22 Länner op d'Plaz 1 an den Charts gepackt a krut 14 Platin- respektiv Diamant-Auszeechnungen.
Fréier Hits:
Den David Guetta ass scho Joerzéngten am DJ-Business mat dobäi an huet warscheinlech esouvill Hits ewéi keen aneren DJ erausbruecht. Hien ass mëttlerweil dee véiert-meescht gestreamste Kënschtler weltwäit op Spotify. Och d'Bebe Rexha zielt mat iwwer 16 Milliarde Streams, bal 4 Milliarde YouTube-Views an insgesamt 27 Awards zu deenen erfollegräichste Kënschtlerinnen aus eiser Zäit.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Ava Max, Rita Ora, Ellie Goulding & Zara Larsson