
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir déi nei Kollaboratioun vu Mae Stephens a Meghan Trainor!
Fakten:
Op senger neier Single ass d'Mae Stephens op der Sich no deem Richtegen! Mat sengem onbeschwéierte Sound deen direkt an d'Ouer geet, liwwert d'Kënschtlerin mat "Mr Right" dee perfekte Pop-Disco-Hit. Mam erfollegräiche Weltstar Meghan Trainor huet d'Stephens sech den Dram erfëllt, en Track mat sengem Kandheetsidol erauszebréngen.
Aussergewéinleches:
D'Mae Stephens huet mat senger Debut-Single "If We Ever Broke Up" méi ewéi 350 Millioune Streams a méi ewéi 6 Milliard Views op TikTok erreecht. Ausserdeem markéiert den Track dee bis elo gréissten Newcomer-Debut vun dësem Joer.
Fréier Hits:
Mat Tracks ewéi "All About That Bass" oder "Lips Are Movin'" ass d'Meghan Trainor grouss erauskomm. Besonnesch ervirzehiewe sinn och d0Lidder "Dear Future Husband", "Don't I Make It Look Easy" oder "Made You Look".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Ava Max, Bebe Rexha, Katy Perry & Jessie J