Haut presentéiere mir iech déi nei Single vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Barkissa!

Fakten:
No "Lullaby" a "Rewind" huet d'Barkissa elo seng nei Single "Ti Voglio" erausbruecht. D'Lidd ass zweesproocheg a vermëscht Englesch an Italienesch. "Ti Voglio" erzielt d'Geschicht vun zwou Persounen, déi an engem intensive Libesverhältnis gefaange sinn an sech doraus net befreie kënnen. Déi italienesch Parts behandele romantesch Elementer, déi englesch Deeler vermëttelen eng staark Perséinlechkeet. D'Kompositioun ass rhythmesch a summerlech a straalt positiv Vibes an Danzstëmmung aus. De Beat gouf vum Jamal produzéiert, den Turnup Tun huet de Mix a Mastering iwwerholl.

Aussergewéinleches:
Schonn als Kand stoung d'Barkissa bei Optrëtter an der Schoul op der Bün an huet Covers gesongen. D'Gefill virun engem Public ze stoen an ze sangen huet hatt deemools gepräägt an dovun iwwerzeegt enges Dags seng eege Musek ze maachen. Ier hatt Lidder geschriwwen huet, huet hatt Gedichter a Kuerzgeschichten verfaasst.

Fréier Hits:
Seng musikalesch Ufäng huet d'Barkissa un der Säit vum Dasic a Flex Diamond gefeiert. D'lescht Joer hate si den EDM-Track "Temptation" erausbruecht. Och dem Barkissa seng lescht Releases "Lullaby" a "Rewind" hate groussen Erfolleg am Eldoland!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Angel Cara, Maya Maunet, CHAiLD & Noah Pearce