
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Olivia Rodrigo!
Fakten:
No "vampire" released d'Olivia Rodrigo elo mat "bad idea right?" déi zweet Single-Auskopplung aus deem neien Album "Guts". Dëse kënnt freides den 8. September op de Marché. "bad idea right?" ass e Punk-Pop-Track an deem d'Olivia Rodrigo seng Kolleegen op enger Party verléisst, fir zeréck bei säin Ex ze fueren. An och wann d'Olivia Rodrigo an de Lyrics undeit, dass et kéint eng richteg schlecht Iddi sinn, decidéiert hatt sech awer dohinzegoen.
Aussergewéinleches:
Op Instagram huet d'Amerikanerin verroden, dass hatt den Track zesumme mam Star-Produzent Daniel Nigro realiséiert huet. Ausserdeem hate si de Refrain wuel ufanks als Joke geschriwwen, waren duerno awer esou iwwerzeegt dovun, dass si e ganzen Track draus gemaach hunn.
Fréier Hits:
D'Olivia Rodrigo ass eng vun deenen éischte Kënschtlerinnen, déi duerch d'sozial Netzwierker TikTok an Instagram esou richteg populär gouf! Am Januar 2021 gouf hatt duerch "Driver's License" quasi iwwer Nuecht zum Mega-Star. Och den Debut-Album "sour" mam weideren Hit "good 4 u" war e Risen-Erfolleg.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Paramore, Gracie Abrams, Conan Gray & Billie Eilish