Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun "Prada"!

Fakten:
De cassö bréngt mat "Prada" seng Debut-Single eraus. Hie war esou faszinéiert vum Track "Ferrari Horses" vun D-Block Europe a Raye, dass hien decidéiert huet doraus seng eege Versioun ze kreeéieren. "Dee Song ass einfach perfekt fir en Trance-Type-Drop. Ech hunn eng gewëssen Euphorie mat erabruecht, gläichzäiteg awer och eng aggressiv Bassline déi d'Vocals verstäerkt", esou de cassö iwwert "Prada".

Aussergewéinleches:
Nodeems hie "Prada" virun 3 Méint op SoundCloud eropgelueden hat, ass den Track explodéiert a ronderëm d'Welt gaangen. Mëttlerweil huet en iwwer 11 Millioune Streams op SoundCloud a bal 100.000 Creations op TikTok. Réicht e Freiden ass den Track offiziell als Single erauskomm.

Fréier Hits:
De jonke Britt produzéiert réicht zanter eppes méi ewéi 8 Méint an huet bis elo just an e puer Stuffen zu Swansea op Uni-Partien opgeluecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Calvin Harris, Tove Lo, Ellie Goulding & Zara Larsson