
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Elley Duhé!
Fakten:
D'Elley Duhé bréngt mat Delirium e neien Track aus sengem Debutalbum op de Marché. De Song ass e ganz perséinlechen an erzielt vu Momenter, an deenen d'Kënschtlerin sech a sengem Liewe verluer gefillt huet an op der Sich no engem Neiufank war.
Aussergewéinleches:
D'Elley Duhé huet seng Karriär als Songwriterin schonn am Alter vu 14 Joer ugefaangen. Duerch säi Song Millenium am Joer 2016, huet hatt schonn op grousse Festivals wéi dem Lollapalooza oder dem Coachella gespillt. Säi Succès erkläert hatt duerch eng gewësse Kombinatioun a senger Musek - catchy Melodien a perséinlechem Storytelling.
Fréier Hits:
D'Elley Duhé kuckt a senger Karriär virun allem op grouss Kollaboratiounen zréck. Sou hunn seng Songs mam Zedd, Meduza oder och Lost Frequencies et alleguer un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Becky Hill, Raye, Daya & Ciara