Haut presentéiere mir déi nei Single vum HRVY!

Fakten:
De brittesche Kënschtler Harvey Leigh Cantwell huet seng nei Single "Stolen Heart" released. Den Doo-Wop-inspiréierten Track huet e Rhythmus deen un en Häerzschlag erënnert an e Refrain dee relativ séier am Kapp bleift. No e puer Ausflich an eng méi elektronesch Richtung, ass et de Retour an de poppege Genre. Wéi den Titel et scho quasi verréit, séngt den HRVY iwwert seng Ex-Frëndinn. Den Track ass zesumme mam Kylie Minogue, dem Sigala-Museker Danny Shah an dem Dominic Lyttle (Sam Feldt, Jonas Blue) enstanen.

Aussergewéinleches:
Viru senger Musekerkarriär huet den HRVY gedanzt an um Fernsee moderéiert. Vun der 7. bis zur 9. Staffel war hien den Host vun der Show "Friday Download" um Sender CBBC. Heibäi handelt et sech ëm de Jugendprogramm vun der BBC. 2018 an 2019 huet hien eng Tournée als Support-Act fir déi brittesch Band The Vamps gespillt. Am August 2020 hätt dem HRVY säin Debut-Album sollten erauskommen, dat ass bis haut awer nach ëmmer net geschitt.

Fréier Hits:
Virun allem kenne mir den HRVY duerch seng Topic-Kollaboratioun "All or Nothing", bei där hien d'Vocals geliwwert huet. Och virdrun huet hie mat verschiddenen Tracks scho grouss Erfolleger gefeiert an international Headline-Shows gespillt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Myle, Malik Harris, Noah Pearce & Lauv