
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu Bakar!
Fakten:
De britteschen Indie-Rock-Sänger Bakar ass zeréck mat sengem ganz neie Song "Right Here, For Now". Dës wäert op sengem neien Album "Halo" drop sinn, deen den 22. September erauskënnt. De Bakar huet mat der Zäit e ganz eegene Sound entwéckelt, deen Indie- an Alternative-Rock-Elementer mat Pop a senger lässeger a smoother Stëmm kombinéiert. Op där neier Single séngt de jonke Kënschtler iwwert seng Jugendléift an doriwwer sech selwer ze verzeien.
Aussergewéinleches:
An deene leschte Méint ass de Bakar mat sengem Track "Hell N Back" viral gaangen. Kurios: Den Track war schonn am August 2019 erauskomm.
Fréier Hits:
2015 huet de Bakar op SoundCloud ugefaangen anonym Musek eropzelueden. Seng offiziell Debut-Single "Big Dreams" ass am Mäerz 2017 erauskomm. Dëse Song ass populär ginn, well en als Soundtrack fir d'Videospill "Fifa 19" selectionnéiert gouf. D'lescht Joer am Februar huet de Bakar säin Debut-Album "Nobody's Home" released.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Machine Gun Kelly, willow, Lil Peep & All Time Low