Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Steve Aoki!

Fakten:
De Steve Aoki huet säin neien an 10. Studio-Album "HiROQUEST: Double Helix" annoncéiert. Zesumme mam Akon huet hien elo eng nei Single doraus released. Den Track ass eng Neioplag vum Akon sengem Dancefloor-Hit "Locked Up" aus dem Joer 2003. Matgewierkt huet ausserdeem de franséische Producer-Duo Trinix. Fir d'2023er-Versioun hunn d'Museker dem Akon seng Stëmm nei editéiert an se mam Aoki sengem signature elektroneschen Dancefloor-Sound kombinéiert.

Aussergewéinleches:
Mat "HiROQUEST" huet de Steve Aoki eng ganz Welt ronderëm den autobiographesche Charakter "HiRO" geschaf. 2022 war "HiROQUEST: Genesis" erauskomm. Hei huet den DJ a Produzent seng musikalesch Wuerzelen an de Genres Alternative an Hardcore-Punk mat afléisse gelooss. Beim neie Release "HiROQUEST: Double Helix" wäert d'Latin-Dance-Musek am Fokus stoen. "This Album harmonizes nostalgia and contemporary sounds, placing collaborations at its core", kommentéiert den Aoki. Nieft dem Akon wäerten och Kollaboratioune mat Paris Hilton, Hayley Kiyoko, Galantis, Timmy Trumpet oder John Martin mat drop sinn.

Fréier Hits:
De Steve Aoki zielt zu den 10 bescht bezueltsten DJ'e vun der Welt. 2013 gouf säin Album "Wonderland" fir ee Grammy Award nominéiert. Den Album huet him den internationalen Duerchbroch bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Martin Garrix, Timmy Trumpet, Dimitri Vegas & Like Mike