
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Calum Scott!
Fakten:
"At Your Worst" ass dem brittesche Singer/Songwriter seng éischt Solo-Single zanter dem Release vum Album "Bridges" am Juni 2022. Mat Gittar- a Synthesizer-Elementer geet de Calum Scott e bësse fort vu sengen typesche Pianosballaden. De Song ass aus engem Gefill gebuer, dass et wéinst menger Anxiety, menge ville Reesen a menge Selbstzweifel warscheinlech schwéier ass, mech gär ze hunn, esou de Museker. Gläichzäiteg wier et awer en Appel, dass mir et alleguer derwäert wiere fir Léift ze kréien, onofhängeg vun eisen Ondugenden oder Onsécherheeten.
Aussergewéinleches:
De Calum Scott ass ee vun deene Sänger, dee sech och an der elektronescher Musekszeen e groussen Numm opgebaut huet. Net fir näischt hunn e puer vun de gréissten DJs a Produzenten ewéi Felix Jaehn, Lost Frequencies, Kygo oder rezent Jax Jones mam Britt zesummegeschafft.
Fréier Hits:
Duerch d'Participatioun bei Britain's Got Talent a seng Cover-Versioun vum Robyn sengem "Dancing On My Own" ass de Calum Scott iwwer Groussbritannien eraus populär ginn. Och säin Debut-Album "Only Human" konnt iwwerzeegen. Zu senge gréissten Hits gehéiere "Rise", "Where Are You Now (feat. Lost Frequencies)" oder "Whistle (feat. Jax Jones)".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Dermot Kennedy, James Arthur, James Bay & Benson Boone