
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Charlie Puth!
Fakten:
Direkt mat där éischter Zeil "Come and put your lipstick on my neck and body" gëtt kloer, wourëms et am Song geet. Mat ganz vill Gefill, Sex-Appeal, Erotik a Sënnlechkeet stellt den Charlie Puth ënner Beweis, wéi musikalesch villsäiteg hien ass. Wéi et mëttlerweil beim Amerikaner Usus ass, huet hie seng Fans iwwert déi lescht Wochen op TikTok um Entsteeungsprozess deelhuele gelooss. De Video an deem een Ablécker kritt, huet mëttlerweil scho wäit iwwer 2 Millioune Klicks.
Aussergewéinleches:
An deene leschte Joren huet den Charlie Puth ëmmer erëm seng musikalesch Grenzen duerchbrach an nei Genres ausprobéiert oder afléisse Gelooss. "Lipstick" ass elo den Ufank vun enger neier Phas an och déi éischt Single-Auskopplung aus deem neien a véierten Album. Réicht d'lescht Joer hat de Puth säin Album "CHARLIE" mam Hit "Light Switch" op de Marché bruecht.
Fréier Hits:
Ob als Solo-Hit-Garant mat "One Call Away", "How Long" an "Attention" oder als gefrotene Kollaboratiouns-Partner op "See You Again (feat. Wiz Khalifa)", "Marvin Gaye (feat. Meghan Trainor)" oder "We Don't Talk Anymore (feat. Selena Gomez)" - den Charlie Puth gehéiert zu deene gréisste Masterminds aus der Popmusek-Zeen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen eppes fir iech:
Shawn Mendes, Justin Bieber, Benny Blanco & Troye Sivan