Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Mae Muller!

Fakten:
Mat "MTJL" presentéiert d'Mae Muller déi nächst Single-Auskopplung aus sengem Debut-Album "Sorry I'm Late", deen de 15. September erauskënnt. "MTJL" steet fir "Maybe That's Just Life" an handelt vun alleguer senge klengen Onsécherheeten déi hatt am Liewen nerven: Telefonsuriff ignoréieren, Deeg op deenen ee seng Morning Routine net duerchgezu kritt oder wann de Kierper heiansdo einfach Nee seet. Musikalesch ass de Song ganz reduzéiert, ze héiere si just dem Mae seng Stëmm a Gittar. "I think it was really important for me to have a moment where it was just going to be really stripped-back, just me and my guitar. I wasn't worried about the usual verse, pre-chorus, chorus structure of the song as such, I just wanted to get it off my chest", kommentéiert hatt de Release.

Aussergewéinleches:
Dem Mae Muller säin éischte groussen Optrëtt war net als Sängerin, mee als Schauspillerin am Musek-Video vum Mika sengem "Grace Kelly". Iwweregens huet d'Brittin säi Land dëst Joer beim Eurovision Song Contest zu Liverpool vertrueden, ass mam Song "I Wrote A Song" an der Finall awer just op déi zweetlescht Plaz komm.

Fréier Hits:
En éischte groussen Erfolleg hat d'Mae Muller mam Track "Therapist" am Joer 2020. Duerno koumen e puer Kollaboratioune mam Polo G ("Better Days"), Marshmello ("American Psycho") oder Sigala ("Feels This Good"). Rezent war och den Track "Me Myself & I" erauskomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Anne-Marie, Mae Stephens, Kim Petras & Rosa Linn