
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum YUNGBLUD!
Fakten:
A sengem neie Song "Hated" verschafft de Yungblud en traumatescht Erliefnis aus senger Kandheet. Wéi de Museker op X schreift, gouf hie mat siwe Joer vu sengem Kannerdokter sexuell mëssbraucht. "Dat ass dat perséinlechst Material wat ech bis elo verëffentlecht hunn. Dat heescht awer net dass et duuss a lues ass, ganz am Géigendeel", heescht et weider. Villméi géif et him drëms goen seng Roserei iwwert de Virfall erauszejäizen a sech vun där schlechter Erfarung an dem Traumata ze befreien.
Aussergewéinleches:
Mat 16 Joer huet den Dominic Richard Harrison d'Schoul ofgebrach an ass op London geplënnert. Säi Song "Falling Skies" ass um Soundtrack vun der zweeter Staffel "Tote Mädchen Lügen nicht" mat drop. 2018 ass säin Debut-Album "21st Century Lullaby" erauskomm. Mëttlerweil zielt de Yungblud zu de grousse Stars an der Alternative-Zeen. Esouguer d'Rock-Legend Mick Jagger gesäit an him d'Zukunft vum Genre.
Fréier Hits:
Ënnert anerem hat de Yungblud ganz vill erfollegräich Kollaboratiounen. Dozou zielen "Tongue Tied" (feat. Marshmello & blackbear), "Memories" (with Willow) oder "I'm a Mess" (feat. Avril Lavigne). U Solo-Singles si virun allem "Cotton Candy", "Tissues" a "Low Life" erauszehiewen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Machine Gun Kelly, Avril Lavigne, grandson & Twenty One Pilots