
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu Blackpink!
Fakten:
"THE GIRLS" ass deen éischte BLACKPINK-Release zanter hirem leschten Album "Born Pink" am September 2022. Dëst Joer hunn d'Lisa, d'Rosé, d'Jennie an d'Jisoo déi meeschten Zäit op Tournée verbruecht. Ënnert anerem hunn si um Coachella Geschicht geschriwwen, si waren déi éischt K-Pop-Formatioun déi Headliner um legendäre Festival waren. Mat hirem neien Track maache BLACKPINK en Appel onofhängeg a couragéiert ze sinn.
Aussergewéinleches:
"THE GIRLS" ass den Titel-Track vum BLACKPINK-Videospill - jo, si hunn en eegent Videospill. "BLACKPINK The Game" ass zesumme mat der Takeone Company entwéckelt ginn. Mat dobäi si Management-Gameplay-Elementer, Puzzelen, Mini-Games an aneren exklusive Content. De Song war fir d'éischt och in-game erauskomm, ass elo awer och offiziell released ginn.
Fréier Hits:
Mat hiren zwee éischten Alben "THE ALBUM" a "BORN PINK" si BLACKPINK zu absolutte Weltstars avancéiert. Grouss Hits sinn ënnert anerem "How You Like That", "Pink Venom" oder "Shut Down".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
TWICE, MAMAMOO, K/DA & HWA SA