
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vun Joel Corry, MK a Rita Ora!
Fakten:
Nodeems den Joel Corry säin Debut-Album "Another Friday Night" ugekënnegt huet, ass elo déi nächst Single dobaussen. "Drinkin'" ass eng Zesummenaarbecht mam amerikanesche Producer-Team MK an dem Welt-Star Rita Ora. Mat Lyrics ewéi "Last night was a movie, I'm playin' it back / Lookin' through my camera roll like 'Who the hell is that?'" ass et de perfekte Song fir de Weekend anzelauden.
Aussergewéinleches:
Wann dir beim Lauschteren d'Impressioun hutt, dass d'Melodie iech bekannt virkënnt, da leit dir domat ganz richteg. Den Joel Corry huet op "Drinkin'" nämlech de Song "All Night" vum Chance The Rapper aus dem Joer 2016 gesampled. De brittesche Produzent huet mat de waarmen Akkorden, den hellen an ustiechende Vocals an de fette Grooves säin typeschen Dancefloor-Sound draus gemaach.
Fréier Hits:
Mat "Sorry" huet dem Joel Corry seng Kënschtler-Karriär ugefaangen. Duerno koumen Tracks ewéi "Lonely" oder "Head & Heart" (feat. MNEK), déi him de groussen Duerchbroch verschafe sollten. Mëttlerweil huet hien etlech Hit-Kollaboratiounen ewéi ewéi "OUT OUT", "Lionheart (Fearless)" oder "YEAH" released.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Nathan Dawe, Sigala, Jax Jones & Regard