Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Tove Lo!

Fakten:
D'lescht Joer am Oktober huet d'Tove Lo säin Album "Dirt Femme" erausbruecht. Elo huet d'Kënschtlerin en exklusiven "Extended Cut" erausbruecht, op deem dräi nei Tracks mat drop sinn. Nieft "Borderline" an "I Like U" ass den Track "Elevator Eyes" als Fokus-Track erauskomm. Am Song séngt d'Schwedin iwwert e Summer-Crush. Den Titel kënnt vun der Aart a Weis wéi déi Persoun hatt ukuckt.

Aussergewéinleches:
"Elevator Eyes" huet d'Tove Lo zesumme mam neiséilännesche Produzent Joel Little geschriwwen. Hien hat ënnert anerem mam Lorde un deem sengem Debut-Album "Pure Heroine" geschafft. An am Groove vun "Elevator Eyes" héiert een definitiv Lorde-Elementer eraus.

Fréier Hits:
D'Tove Lo hat ënnert anerem mat "Habits", "Cool Girl" oder "Calling On Me" grouss Erfolleger. Rezent ass säin Track "2 Die 4" grouss erauskomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Lana Del Rey, Lorde, Elley Duhé & Bebe Rexha