
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vun den Imagine Dragons!
Fakten:
Mat "Children Of The Sky" huet d'Band ronderëm den Dan Reynolds e Lidd fir d'Sci-Fi-RPG "Starfield" (Bethesda) erausbruecht. "Bethesda huet ikonesch Videospiller realiséiert déi mir eist ganzt Liewe laang gespillt hunn. Et ass eng riseg Éier, dass mir e Song fir 'Starfield' maache konnten", esou d'Formatioun an engem Statement. Genee esou ewéi d'Videospill, géif de Song ganz vill schwéier Froe stellen déi eis esou begéinen, wa mir no eiser Plaz an dëser Welt sichen, esou de Reynolds weider. An "Children Of The Sky" sinn och Elementer aus dem Haapt-Soundtrack vu "Starfield" ze héieren, dee vum israelesch-amerikanesche Komponist Inon Zur geschriwwe gouf.
Aussergewéinleches:
Et ass net déi éischte Kéier, dass d'Imagine Dragons mat hirer Musek an der Gaming-Welt ënnerwee sinn. Fir "Arcane", de Prequel vum Riot-Games-Spill "League Of Legends", hate si schonn de Song "Enemy" zesumme mam Rapper JID erausbruecht. Och den Track "Warriors" war 2014 fir e Promo-Video fir d'"League-Of-Legends"-Weltmeeschterschafte benotzt ginn.
Fréier Hits:
Direkt mat hirem Debut-Album "Night Visions" sinn d'Amerikaner weltbekannt ginn. Hei ware Songs ewéi "On Top Of The World", "Bleeding Out", "Demons" oder "Radioactive" mat drop. Duerno koumen ënnert anerem Erfolleger mat "Natural", "Whatever It Takes" oder "Believer". Rezent hate si mat "Enemy (x JID)" internationale Succès.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Bastille, Fall Out Boy, Twenty One Pilots & X Ambassadors