
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vum Toby Romeo zesumme mam Declan J Donavan.
Fakten:
Den éisträicheschen DJ a Produzent Toby Romeo huet mam brittesche Singer/Songwriter Declan J Donavan den Track "Alive" released. De Song ass eng Kombinatioun aus energiegeluedene Vocals, engem Rhythmus deen ustécht a spéitsummerleche Vibes. Gittar-Riffs, grooveg Basslines an dem Declan J Donavan seng markant Stëmm maachen "Alive" zur perfekter Kombinatioun aus engem Roadtrip-Song deen ee wärend dem Sonnenënnergang am Auto lauschtert an engem Ouerewuerm fir d'Danzpist.
Aussergewéinleches:
D'Kollaboratioun tëschent dem Toby Romeo an dem Declan J Donavan huet richteg gutt funktionéiert. An engem Statement iwwert de Song seet den DJ, dass et wansinneg inspiréierend gewiescht wier mam Declan ze schaffen. "Mir hunn eis direkt verstanen. Hien ass esou e kreatiivt Talent mat enger mega Stëmm déi perfekt zu mengem Sound passt. Ech si frou, dass mir de Song endlech der Welt weise kënnen", heescht et weider.
Fréier Hits:
De Salzburger Museker Toby Romeo ass direkt 2018 mat senger Debut-Single "Where The Lights Are Low" bekannt ginn, fir déi hie mëttlerweil och eng gëlle Plack krut. Zanterhier huet hie mat villen Top-Acts ewéi Felix Jaehn, YouNotUs oder Leony zesummegeschafft a Remixes fir Alok, Alan Walker oder David Guetta produzéiert.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz, YouNotUs & Joel Corry