
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Gabry Ponte!
Fakten:
De weltwäit meescht-gelauschterten italieneschen DJ Gabry Ponte huet seng nei Single "Easy On My Heart" released. De Song ass e Remake vum Cascada-Hit "Everytime We Touch". De Ponte huet dem Track eng Produktioun a Vocals verpasst déi matrappen an e perfekte summerlechen Dance-Pop-Track liwweren.
Aussergewéinleches:
De 50-järege Gabry Ponte war Enn vun den 90er um Eurodance-Projet Eiffel 65 bedeelegt. Direkt mat der Debut-Single "Blue (da ba dee)" sollt d'Formatioun 1998 e Welt-Hit erausbréngen. Zanterhier féiert den DJ a Produzent seng Erfollegsgeschicht onermiddlech weider. Bis haut huet hien 2 Diamant-, 39 Platin- an 22 Gold-Auszeechnunge gesammelt.
Fréier Hits:
An der Vergaangenheet huet de Gabry Ponte etlech erfollegräich Kollaboratiounen op de Marché bruecht. Zum Beispill "Can't Get Over You (feat. Aloe Blacc)", "Call Me (feat. R3hab x Timmy Trumpet)" oder "Thunder (feat. Lum!x x Prezioso)".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*inne och eppes fir iech:
Meduza, R3hab, Robin Schulz & Toby Romeo