Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu Galantis!

Fakten:
Mam Release vum Song "BANG BANG! (My Neurodivergent Anthem)" am Juni, hu Galantis d'Ära vun hirem neien a véierten Album agelaut. Elo ass mat "Koala" déi nächst Single-Auskopplung dobaussen. Am Song dréit sech alles ëm e Koala, deen ee gär trei u senger Säit hätt: "Koala, koala, yeah / I'll never leave you, no I'll never leave you". Allerdéngs loosse Galantis eis am Däischteren, wat oder wien si genee mat "Koala" mengen. Eventuell handelt et sech ëm e Spëtznumm fir eng Persoun déi ee gär huet? Deen neien Track ass mam Singer/Songwriter BullySongs entstanen, mat deem Galantis scho fir hiren 2017er-Hit "No Money" zesummegeschafft haten.

Aussergewéinleches:
Am Musekvideo vum Track "BANG BANG!" hate Galantis dat maskéiert Wiese mam Numm Piiper virgestallt. Dëst spillt och am neie Video erëm d'Haaptroll an dreift sech als geheimnisvolle Gaascht op enger Party ronderëm.

Fréier Hits:
Galantis gehéieren zu deenen dynameschsten a gefrotsten Nimm an der Dance-Musek-Zeen. Nieft etleche Kollaboratioune mat anere groussen Acts ewéi David Guetta, Jax Jones, Becky Hill oder Steve Aoki, hu si mat "Runaway (U&I)", "No Money" oder "Peanut Butter Jelly" absolutt Staples produzéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Jax Jones, Years & Years, Toby Romeo & Gabry Ponte