Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Griff!

Fakten:
Déi brittesch Kënschtlerin ass endlech zeréck mat sengem neie Song "Vertigo", dee seng Première als "Hottest Record In The World" bei BBC Radio 1 gefeiert huet. Den Titel handelt vun der iwwerwältegender Orientéierungslosegkeet, déi een a sengen 20er-Joren verspiert. "Et fillt sech fir mech ëmmer esou un, ewéi wann d'Welt a meng Gefiller sech méi séier dréie géifen, ewéi ech mathale kann. Mat 'Vertigo' fänkt fir mech e kreatiivt Kapitel un an ech freeë mech mat iech alleguer op dës Rees ze goen", adresséiert d'Griff sech u seng Fans. "Vertigo" ass liicht, intim a verletzlech produzéiert, huet gläichzäiteg awer waarm an empowering Elementer. Et ass déi éischt Auskopplung aus der EP mam selwechten Numm, déi am Oktober soll erauskommen.

Aussergewéinleches:
Mat sengen 22 Joer huet d'Griff schonn de renomméierte BRIT Award an der Kategorie "Rising Star" gewonnen. Dobäi kommen zwee NME-Awards an den LOS40 Award fir "Best New Artist". E puer vun deene gréissten Nimm aus der Musekszeen hunn d'Kënschtlerin och schonn op hir Tournéee invitéiert. Dorënner sinn d'Dua Lipa, den Ed Sheeran, HAIM, Florence + The Machine oder rezent Coldplay.

Fréier Hits:
Bis elo huet d'Griff Kollaboratioune mat Honne a Sigrid realiséiert. Och solo huet hatt mat Tracks ewéi "Good Stuff", "One Night" oder "Black Hole" éischt grouss Erfolleger gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Cat Burns, Sigrid, Maisie Peters & Holly Humberstone