Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Oliver Tree!

Fakten:
Den 29. September bréngt den Oliver Tree säin neien Album "Alone in a Crowd" eraus. mat "Essence" ass elo déi nächst Single-Auskopplung dobaussen. Wéi gewinnt gëtt deen neie Song vun engem Musekvideo begleet, an deem dem Oliver Tree säin Alter Ego sech komplett auslieft. Wéi ee modernt Rumpelstilzchen zitt hien duerch d'Stroossen, belästegt seng Matmënschen, stellt engem Mann d'Been oder stülpt engem Passant e knaschtege Kalzong iwwert de Kapp. Duerno taucht den Original-Oliver-Tree op engem Scooter op an déi Zwee sti sech géigeniwwer.

Aussergewéinleches:
De verréckte Kauz Oliver Tree kënnt den 2. November mat senger Tournée och bei eis op Lëtzebuerg an den Atelier. Als Support Act ass den estnesche Rapper Tommy Cash mat dobäi. Wann dir eng skurril Live-Show an ausgefale Kostümer wëllt erliewen, da séchert iech Ticketen op atelier.lu!

Fréier Hits:
En éischte groussen Erfolleg hat den Oliver Tree mat sengem "Life Goes On". Duerno hat hien ënnert anerem Hit-Kollaboratioune mam Robin Schulz oder David Guetta. Mat "Ugly Is Beautiful" a "Cowboy Tears" huet hien och schonn zwee Studio-Alben erausbruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Easy Life, Twenty One Pilots, AJR & Dayglow